Minister Asselborn: Eng Laascht fir Lëtzebuerg!
"Roueg lo mol!", esou dem Jean Asselborn seng Remark, wéi de Fernand Kartheiser sech als ageschriwwene Riedner kritesch iwwert deem seng Baussepolitik geäussert huet. Verstand, Mooss, Héiflechkeet - dat géif een sech vun engem Bausseminister wënschen. Fir Lëtzebuerg bleift dat Wonschdenken. Eise jëtzege Chefdiplomat ass eng Laascht fir eist Land: Mir hunn e Bausseminister, deen onseriös optrëtt, enk Partner beleidegt an diffaméiert an d'Interesse vun engem wuessenden Deel vun der europäescher Bevëlkerung mat Féiss trëppelt. Dat d'Interesse vun eisem Land, vun eiser Ekonomie, vun eisem Image an Europa an an der Welt doduerch e massive Schued erleiden, versteet sech vu selwer. De Bausseminister fillt sech wuel a senger Roll als grousse Moralapostel a schwätzt léiwer net iwwert seng willkürlech an ontransparent Manéier, gewëss Staaten kompromësslos an den Dreck ze zéien an anerersäits frëndschaftlech Bezéiungen zu Staaten ze féieren, déi oppe faschistesch Tendenzen opweisen... E bësse manner Arroganz géif dem Minister Asselborn gutt zu Gesiicht stoen: Verstand, Mooss an Héiflechkeet eben. A senger Interventioun vum 15. Mäerz zitt de Fernand Kartheiser d'Bilanz vun enger stilloser, geféierlecher an iwwerhieflecher Baussepolitik, déi eist Land an Europa isoléiert. Kritik verdréit de Jean Asselborn leider guer net: Gewinnt onbeherrscht fält dem Bausseminister näischt Besseres an, wéi den ADR-Deputéierte perséinlech ze beleidegen. Doran huet hie schliisslech Übung - en Trauerspill!

Almedalen: Vad kostar postcovid samhället och vad kan Sverige göra?

Arnon Grunberg over hoe Netanyahu alle Joden ter wereld gegijzeld houdt | VPRO Frontlinie

This Is What Brexit Cost the World

The Match That Made Brazilians Hate Germany

Why is Sweden making it harder to gain citizenship? - World Questions podcast, BBC World Service

The New Face of America: Inside the Second Great Depression

Golden Retriever Meets Completely Broken Rescue for the First Time

49. 8 uur ruziën over één datum: abortusdebat toont politiek wantrouwen.

NERVOUS 12-Year-Old Who Can Sing Without Opening Her Mouth Earns Mel B's GOLDEN BUZZER!

#2 Beatrice de Graaf – Why we still misunderstand Putin

Kemi Badenoch’s Brutal PMQs Attack Leaves Rachel Reeves Close To Tears | Chaos In UK Parliament

EXPLICATIV RECORDER. Un an de Nicușor Dan

Why Fixing the UK Is So Hard

The truth about wirkaufendeinauto.de

What are some of the key issues facing Australia? - World Questions podcast, BBC World Service

Türkei – USA Highlights | Gruppe D, FIFA WM 2026 | sportstudio

Saskia Belleman: 'Het verlies van mijn kind blijft een open wond'

His Final Flight - Captain Günter Retires! AeroNewsGermany

Asylrecht: Gestreits an der Chamber! Fernand Kartheiser VS Jean Asselborn!

