Tripartite

Wat ass gutt – a wat kascht et eis? Vill vun de Moossname vun der Tripartite droen eng kloer ADR-Handschrëft: niddreg Energiepräisser, Entlaaschtung fir d’Bierger an Ënnerstëtzung fir eis Betriber a Landwirtschaft. Mee mir dierfen net vergiessen: Dat Ganzt kascht ronn 450 Milliounen Euro – a bezuele wäerten et um Enn d’Leit selwer. Mir ënnerstëtzen, wat konkret hëlleft. Mee mir fuerderen och: laangfristeg Léisungen, eng gerecht Pensioun an eng staark Mëttelschicht. Kuerzfristeg Entlaaschtung eleng geet net duer. Lëtzebuerg brauch eng nohalteg Politik.